Veiner Musik
Events
Veiner Musik
1848 gegrënnt, an domatt bal den eelste Musiksveréin ous Lëtzebuerg, hott di Veiner Musik en laang Traditiunn als musikalischen Anbassadeur vuan aener Uertschaft, wu Musik a Musikanten well ëmmer en gruss Roll gespillt honn. Well geschwënn 175 Jor laang ass di Veiner Musik zousteenig fir de musikalischen Encadrement vuan alle wëltlichen a kierliche Fester. Di instrumentaler Uropféierung vuan der Nationalhymn a Präsenz vuam Michel Lentz a vuam Antoine Zinnen 1865, de Ständchen fir de Victor Hugo 1871, de musikalischen Encadrement béi de Staatsvisiten vuan der eenglischer an der holleenischer Kinnigin, d’Daf vuan em Fliger op de Nom „Château de Vianden“ sen nëmme por vuan den historischen Optrëtter an der Geschicht vuam Veréin. Mee och Processiunnen, gruss a klän Concerten, Veréinsjubiläen, Concoursen a.v.m. gehieren well zanter ëmmer zum feste Joresprogramm. Ganz engagiert Presidenten an Dirigenten honn et ëmmer rem fierdig broocht, datt di Veiner Musikanten – scheinbar zanter jeher matt Musik am Blout – hiert Talent matt grusser Begäästerung an Engagement fir de Veréin agesat honn. Heit spillen di ~40 Musikanten ënnert der Leedung vuam Dirigent Marcel Richards, a fräeën sich, Eech hiere Fréijoorsconcert 2020 am wonnerschinne Kader vuam Schlooss kënnen ze präsentieren.
Reservatiounen: (+352) 83 41 08-1 / .caisse@castle-vianden.lu
Praisser:
Memberen vun den Amis du Château: GRATIS
Entrée vum Schlass
Organisateur
Les Amis du Chu00e2teau de Vianden a.s.b.l.
Dates
Day of event:29/03/2026
Tarifs
Prix : 0€
Prix : 13€
Prix : 7€
Prix : 4€
Contact details
info@castle-vianden.lu+3528341081
www.castle-vianden.luVianden Bot
Ask your question to our Vianden Bot
Thanks to our Vianden Bot, you can easily obtain all the information you need about the municipality of Vianden. Don't hesitate to ask specific questions to receive answers tailored to your needs.
Can't find what you're looking for?
You can find us here
Tourism Office 1A, Rue du Vieux Marché, 9419 Vianden
Opening times