04.02.2023

Al wäiss Bouwen op dem Tour de Force ‘23

Program

Wann d’Selma duerch deng Dreem geeschtert, wann s du net weess, ob s du dech fir Hierken oder Mettwurscht entscheede solls a wann s du ee Selfie mam Thierry van Werveke an der Täsch hues, dann ass alles kloer: The Horse Blinders sinn an der Stad! Vun der Buurschter Plage bis an den Outer Space geet hir Tournée 2022 a se start de 25. an de 26. Februar am Ancien Cinéma zu Veianen. De Roger Melcher an de Roland Meyer vun de Winklepickers, d’Frère Jacquen Bock a Ruppert vun de Crossroads an de Mulles Scholtes vun de Convertibles zerwéieren een erfrëschend sprëtzege Mix de Lux vum Allerfeinsten: knallege Pop, säftege Blues an zolitte Rock op Lëtzebuergesch: witzeg, lëschteg, satiresch a kabarettistesch Texter, aus dem Liewe gegraff, vun der Long op Zong! Wien do net wibbeleg gëtt ass selwer Schold. The Horse Blinders, fënnef gestanen al wäiss Bouwen, déi wësse wat se maachen an déi wëssen, wéi se hire Publikum zum Lauschteren, zum Laachen an zum Danze kréien. Cheers!

General Information

Ancien Cinéma Café-Club

23, Grand Rue
L-9410 VIANDEN

See on the map

Date

Saturday, 04 February 2023 - 20h00


Prices

: 15€


Contact

T : 26874532